Ministère plënnerenBesser Aarbechtsbedéngungen an och e bessere Service um Bierger

Jeannot Ries
Grouss Investissementer fir besser Aarbechtsbedéngungen an och e bessere Service um Bierger.
Ministère plënneren
Grouss Investissementer fir besser Aarbechtsbedéngungen an och e bessere Service um Bierger.

Den 13, Bitburger Strooss zu Hamm: Zanter kuerzem déi nei Adress vun enger ganzer Rei staatleche Servicer. Ugefaange mat der Adem. Awer och der Direktioun vun der Santé, respektiv de Ministère fir Famill a Grouss-Regioun. Dem Office National d'Inclusioun Sociale. Net déi eenzeg Ministèren, respektiv Administratiounen, fir déi et mat der Zäit vill ze enk gouf.

An dofir wäerte bannent den nächste Méint nach vill Këschten an der Stad gepackt ginn.

Ugefaange mat der Defense, déi aus dem Stadzentrum eraus op de Kierchbierg plënnert op de Rond-point Serra. Do wou och de Ministere vun der Justiz hikënnt, deen den Ament nach an der Chambre du Commerce ass.

De Ministère vun der Fonction Publique wäert mat sengem Ausbildungszenter vun der Gare, och op de Kierchbierg plënneren op d'Place de l'Europe an den Tuerm nieft d'Héichhaus, deen nodeems grad Europäesch Institutiounen erausgeplënnert sinn, awer nach restauréiert muss ginn

Zeréck an de Stad-Zentrum, wou laang Ddskutéiert gouf, wat aus där denkmalgeschützter Nationalbibliothéik oder och ale Kolléisch soll ginn. Hei ass elo d'Entscheedung gefall.

"Mir wëllen do um zweeten an drëtte Stack dat ganzt Handelsgeriicht drasetzen. Wat mer awer och wichteg war, dat ass dat den ënneschten Stack, dat do eppes Lieweges drakënnt. Ëm sou méi dat mer do e wonnerschéine Bannenhaff mat engem geschützte Bam hunn. An d'Stad Lëtzebuerg do e Shared Space wäert virdru maachen. Dofir wëlle mer do e Restaurant an eng Brasserie drakréien. Do gëtt eng Ausschreiwung gemaach", sou de Minister François Bausch.

Déi geplangt Nationalgalerie kënnt deemno net nieft d'Kathedral. Ma se soll op Diddeleng an den neie Quartier 'Neischmelz' kommen an déi historesch geschützt, fréier Industriegebaier vun der Arbed. Do wou u sech Filmstudioen geplangt waren. E Projet, dee falegelooss gouf.

Zu Dikrech ginn d'Infrastrukture vum Härebierg weider moderniséiert. Hei gëtt ënner anerem eng Solaranlag op d'Diecher installéiert, déi iwwer 60% vum Stroum produzéiere soll, dee gebraucht gëtt.

Back to Top
CIM LOGO