VerontreiungBeschëllegten huet Saachen zouginn, déi hie bis elo kontestéiert hat

RTL Lëtzebuerg
Dem Ugeklote gouf virgehäit, tëscht 2007 an 2015 bal 525.000 € zu Laaschte vu sengem Ex-Patron, enger Firma fir Baumaterial, verontreit ze hunn.

„Kënnt Zäit, kënnt Rot!“: Sou kéint een d'Attitüd vun engem 62 Joer ale Mann beschreiwen, deen zanter en Dënschdeg um Stater Geriicht ënner anerem wéinst Bedruch de Prozess gemaach krut.

Nodeems e Riichter him en Dënschdeg un d'Häerz geluecht hat, seng Positioun bis e Mëttwoch de Moien z'iwwerdenken, huet de Beschëllegten um Mëttwoch nämlech Saachen zouginn, déi hien en Dënschdeg nach kontestéiert hat. De President vum Geriicht hat him awer och mat der Scheierpaart gewonk, dass ee sech e Sursis vun enger Prisongsstrof verdénge misst.

Verontreiung vu Baumaterial / Reportage vum Eric Ewald

Dem Ugeklote gouf virgehäit, tëscht 2007 an 2015 bal 525.000 € zu Laaschte vu sengem Ex-Patron, enger Firma fir Baumaterial, verontreit ze hunn, dat ë.a. duerch gefälschte Rechnungen a falsch Virementen. Um Mëttwoch de Moie wollt sech de Mann virop fir säi Verhale vun en Dënschdeg entschëllegen, fir dono déi Faiten unzëerkennen, déi mat Virementen ze dinn haten. Dat wär eng grouss Dommheet gewiescht. Säin Affekot, de Me Cautaerts, huet ervirgehuewen, dass en anere Mann wéi nach en Dënschdeg virun de Riichtere stéing, dat no enger Diskussioun, en Dënschdeg den Owend, mam Client: D'Vernonft wär an d'Plaz komm vum Déni!

Bei d'Versuchung, déi sengerzäit do war, wär mënschlech Schwächt dobäikomm, a säi Mandant wär virugefuer, well hie vu senger Impunitéit ausgaange wär. Et misst een him awer ënner anerem seng Aveuen, och wa se spéit koumen, an déi séier Entschiedegung, zum groussen Deel, vun der Firma - duerch de Verkaf, an noer Zukunft, vu sengem Haus - zegutt halen, soudass eng Prisongsstrof mat Sursis sollt gesprach ginn. Op dee Wee ass d'Vertriederin vum Parquet matgaangen, déi op Grond vun der Gravitéit vun de Faiten, nieft enger ugemoossener Geldstrof, 3 Joer Prisong mat Sursis probatoire gefrot huet; d'Oplo bestéing eben am Entschiedege vun der Firma. Där hätt de Beschëllegte geschuet, andeems hie vu sengem Statut als Comptabel abuséiert hätt. Am Hibléck op d'Strofmooss wäre verschidden Elementer a Betruecht ze zéien, dorënner d'Vertraue vun der Firma an de Mann an déi vill Faiten, déi sech iwwer e laangen Zäitraum erstreckt hätten.

Um Ufank vun der Sëtzung hat de Me Gudmannsson, Affekot vun der Firma, fir déi Schuedenersatz an Héicht vu liicht iwwer 555.000 € gefrot. Bis elo hätt de Mann iwwregens eppes méi wéi 145.000 € zeréckbezuelt. D'Urteel gëtt den 30. Abrëll gesprach.

Back to Top
CIM LOGO