Mord um Ana LopesBeschëllegte weist all Reprochë vu sech

RTL Lëtzebuerg
Et war eng Affär, déi net nëmmen d'portugisesch Communautéit beweegt hat: den Doud, am Januar 2017, vum deemools 25 Joer alen Ana Lopes.
© Domingos Oliveira

De Beschëllegte weist awer all d'Reprochë vu sech. En Dënschdeg huet hien op d'Fro vun der Presidentin vum Geriicht geäntwert, ob de Virworf stëmmt, dass hien d'Affer ëmbruecht huet. Dat wär absolut net richteg. Et ass also vun engem Indiziëprozess auszegoen. E Prozess, deen iwwregens op 16 Sëtzungsdeeg ugesat ass, bis Ufank Abrëll.

Mord um Ana Lopes / Rep. Eric Ewald (10.3.2020)

D'Ana Lopes, deem säin Auto mat senger bal ganz verbrannter Läich dran zu Roussy-le-Village hei vir a Frankräich fonnt gouf, war vu senger Mamm vermësst gemellt ginn. Nuets hat d'Duechter eng SMS geschéckt, dass et nach an e Fastfood-Restaurant goen an dono heemkomme géing, sot den zoustännege Policeenquêteur en Dënschdeg de Moien. Dozou wär et awer net komm. Wéinst Problemer mam Ex, also dem Ugekloten, vun deene rieds war, wäre Recherchë gemaach ginn. Déi zwee, déi zesummen e Bouf hunn, hate sech 2016 definitiv getrennt. D'franséisch Gendarmerie hätt op eemol en ausgebrannten Auto gemellt, mat Iwwerreschter vun enger Läich dran, déi bal net méi z'erkenne wär. De Won gouf an engem Bësch fonnt.

Schonn um Ufank vun der Enquête hätt sech gewisen, dass dem Beschëllegte säin Auto kuerz virum Verschwanne vun der jonker Fra an där hirer Géigend gesi gouf. Den neie Frënd vum Ana Lopes hat och vu Menacë vum Mann geschwat. Déi richteg Problemer vun der Ex-Koppel hätten am Oktober 2016 ugefaangen. Deemools wär et zu Handgräiflechkeete komm. Dass sech den Ugekloten, deen zanter Juni 2017 zu Schraasseg sëtzt, virun der Dot eng Zäit net bei him gemellt hat, hätt d'Ana Lopes sou opgeholl, dass hie wuel eppes preparéiere géif. Hien hätt ënnert anerem och geschriwwen, dass dem Ana Lopes säin Dag komme géif an hie Loscht hätt, eng Frëndin vun him an engem Auto ze verbrennen, an engem Bësch.

D'Autopsie, déi a Frankräich gemaach gouf, hätt erginn, dass d'Affer wuel dout war, wéi den Auto gebrannt huet. Nodeems d'Schwëster no beim Familljenhaus eng Fastfood-Tut a Bluttspuere fonnt hat, wär kloer gewiescht, dass d'Ana Lopes zu Bouneweg dout gemaach gouf. Woubäi sech nach d'Fro stelle géif, wéi den Auteur vun der Dot aus Frankräich heemkoum. Dëse Prozess geet e Mëttwoch de Mëtteg virun.

Back to Top
CIM LOGO