
Viru Kuerzem huet eng Persoun géintiwwer RTL gesot, dass en eng véierel Stonn gebraucht huet, fir beim 113 duerchzekommen. An enger éischter Matdeelung huet hie gesot, en hätt 15 Minutten an der Waardeschläif gewaart, bis een dropgaangen ass. Et goung ëm en Déifstall, wou de presuméierten Täter den Ament nach op der Plaz war.
Op Nofro vun RTL huet sech de Pressebüro vun der Police dësen Appell am Detail ugekuckt an och transparent kommunizéiert.
D’Persoun hätt deemno eng éischte Kéier um 15:25:09 Auer ugeruff, wou se wärend 42 Sekonnen an der Waardeschläif vum 113 houng, ier d’Persoun selwer agehaangen hätt, zu deem Ament waren 3 aner Leitunge besat.
Um 15:27:02 Auer hätt d’Persoun eng weider Kéier probéiert, a blouf 1 Minutt 27 Sekonnen an der Waardeschläif, ier se den Uruff ofgebrach hat. Um 15:31:08 Auer hat d’Persoun dunn eng drëtte Kéier probéiert. Dësen Appell gouf no 53 Sekonnen entgéint geholl.
Tëscht dem éischten Appell an dem Ophiewe vum Telefon waren deemno knapp 7 Minutten.
De Pressebüro vun der Police huet zur Erklärung gesot, dass zu dësem Ament vill Appeller gläichzäiteg um 113 eragaangen sinn. Dëst hätt zu méi laange Waardezäite gefouert.
D’Police mécht de Rappell, dass ee bei enger Urgence op kee Fall den Appell soll ofbriechen. An der Waardeschläif géif een dann ëmmer nees no hanne falen.