Covid-KontrollenBei ronn 300 Kontrolle goufen 110 Persoune verwarnt

RTL Lëtzebuerg
Ronn 250 vun de Kontrolle waren am Kader vum Couvre-feu tëscht 23 a 6 Auer gemaach ginn.

80 Prozent vun de Leit, déi kontrolléiert goufen, hate géint d'Ausgangsspär verstouss an hunn dofir misste bezuelen.

D'Police war och op verschiddene Plazen ënnerwee, fir ze kucken, ob déi sanitär Mesuren agehale ginn a keng Mënschemassen op engem Coup stinn. Ënner anerem gouf dat a Supermarchéen an anere Betriber de Fall. 6 Mol goufen da Leit protokolléiert, well si sech net un d'Mesurë gehalen hunn. Déi kann een iwwregens um Site vun der Police noliesen.

Back to Top
CIM LOGO