Covid-19-KontrollenBei 370 Kontrolle goufen 150 Persoune protokolléiert

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun der leschter Woch huet d'Police nees am ganze Land kontrolléiert, ob d'Leit sech un déi aktuell Coronarestriktiounen halen.
© RTL

Am Fokus vun de Kontrolle stoung nieft de Reegelen a puncto Ausgangsspär (ronn 260 Kontrollen) a Versammlunge vu Mënschen och d'Kontroll bannent Akafszentren a soss Geschäfter wéi och deenen hir sanitär Konzepter.
150 Persoune krute bei de Kontrollen e Protokoll. Bei 70% vun de Fäll gouf d'Ausgangsspär net respektéiert. Dernieft gouf sech net un d'Restriktioun am Privaten oder am Commerce gehalen. Sou waren zum Beispill an engem Geschäft zu Esch ze vill Leit beieneen. Hunn Alkohol gedronk a waren deels ouni Mask.

Eng Iwwersiicht vun den aktuelle Mesuren fënnt een och um Internetsite vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO