Serie "Lëtzebuerger Betriber a Corona-Zäiten" (4)Bausecteur: Kollektivcongé misst dëst Joer méi ëmorganiséiert ginn

Jeannot Ries
Et war d'Gebuertsstonn vun der Baufirma vu Rëmeleng: 1924 huet de Jos Poeckes d'Meeschterprüfung als Steemetzer gemaach.
Bausecteur: Kollektivcongé muss méi ëmorganiséiert ginn
Et war d'Gebuertsstonn vun der Baufirma vu Rëmeleng: 1924 huet de Jos Poeckes d'Meeschterprüfung als Steemetzer gemaach.

Haut sinn hei 217 Leit beschäftegt. Just nach 7 vun hinne sinn den Ament aktiv. Vun der Kontabilitéit fir Rechnungen ze bezuelen, iwwer de Personalbüro, de Bureau d'étude fir Projeten ze finaliséieren, bis d'Koordinatioun fir eventuell Urgencen.

"Zanter dem 20. Mäerz sinn eis 180 Aarbechter all am Chômage partiel. A ginn deemno och mat 80% vum Salaire bezuelt", sou de Paul Nathan vun der Entreprise Poeckes.

Betraff sinn eng 20 bis 25 Chantieren. Vum neie Prisong bei Suessem bis e Fleegeheem zu Esch/Uelzecht. Zanter zwou Woche kënnt keen Euro méi an d'Kees. A wei laang nach? D'Pai vun den Aarbechter iwwerhëlt zwar de Staat iwwert de Chômage partiel. Fix Fraise lafen awer weider: d'Charges sociales, Stroum, Gas, Elektresch, de Leasing vu Maschinnen... Et ass e Kampf géint d'Zäit.

"Ech hoffen, datt eis d'Loft a Form vun de Liquiditéiten net ausgeet. Déi Moossnamen, déi d'Regierung geholl huet, si gutt. Elo ass et awer wichteg, datt déi Mesuren esou séier wéi méiglech gräifen", seet den Entrepreneur.

De Paul Nathan gëtt ze bedenken: deen Ament, wou d'Regierung d'Luucht nees op gréng schalt, wäerten d'Entreprisen de Betrib net vun haut op muer kënnen nees voll ophuelen. Material a Maschinne mussen dann nees mobiliséiert ginn:
"Et wier wichteg, elo schonn ze definéieren, wann d'Reprise kënnt, datt mer kloer Richtlinnen hunn, wéi mer d'Aarbechten organiséieren, mat wat mer eis Leit mussen ausstatten, fir se ze protegéieren. Fir vläicht schonn an engem restriktiven Ëmfeld kënnen ze schaffen", erkläert de Paul Nathan.

De Bléck op d'Kees... et kribbelt schonn an de Fanger. An et wëll een och d'Clienten, bei deenen dacks scho Fraise lafen, net hänke loossen. Dofir plädéieren net just déi Responsabel vun der Entreprise Poeckes an dësem aussergewéinleche Joer, déi 3 Woche Congé collectif unzepassen: "Et verstinn, datt eis Leit hire Congé net wëlle verléieren. Ma mir missten awer vläicht kucken, fir de Kollektivcongé dëst Joer op eng méi flexibel Aart a Weis ze organiséieren oder ëmzestrukturéieren."

E Punkt, deen déi nächst Wochen ënnert anerem nach fir Diskussiounen, och mat de Gewerkschaften, suerge wäert.

D'Serie am Iwwerbléck

Serie "Lëtzebuerger Betriber a Corona-Zäiten" (1): Bei der Luxlait leeft d'Produktioun op Volltouren Serie "Lëtzebuerger Betriber a Corona-Zäiten" (2): Landwirtschaft: De Betrib muss lafen Serie "Lëtzebuerger Betriber a Corona-Zäiten" (3) - Turbulenzen an der Aviatioun: "Dat do gouf et nach ni"

Back to Top
CIM LOGO