Tëscht 1. Abrëll 2025 an 22. Mäerz 2026Bal 6.000 Avertissements taxés wéinst Handy um Steier

RTL Lëtzebuerg
Bal 6.000 Avertissements taxés sinn am Zäitraum vu knapp engem Joer wéinst dem Gebrauch vum Handy wärend dem Fueren ausgestallt ginn.
© RTL-Grafik

Dës Zuele liwwert den Inneminister Leon Gloden als Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Guy Arendt an André Bauler. Vun den insgesamt 5.737 Protokoller kéinten iwwerdeems 3.344 och spezifesche Regiounen zougeschriwwe ginn. Dat well se vun de jeeweilege Kommissariater an deene Regiounen ausgestallt goufen. D’Opdeelung setzt sech dem Minister Gloden no follgendermoossen zesummen:

  • 736 dans la Région Nord
  • 1.177 dans la Région Sud-Ouest,
  • 465 dans la Région Centre-Est
  • 966 dans la Région Capitale.

Déi aner 2.393 Avertissementer wiere vu Policeunitéiten ausgeschriwwe ginn, déi net zu enger spezifescher Regioun gehéieren.

Back to Top
CIM LOGO