JoresrapportBal 155 Milliounen Euro Verloscht bei der Luxair am Joer 2020

RTL Lëtzebuerg
2020 war jo fir de ganze Fluchsecteur ee Joer mat Turbulenzen.

Wat d'Fluchgesellschaft ubelaangt, hat een Enn 2020 eng Baisse vun 74 Prozent vun de Recetten ze verzeechnen, wat eng Perte vun 73 Milliounen mat sech bruecht huet.

LuxairTours hat wéinst der Pandemie ee Réckgang vu 66 Prozent am Joer 2020. Hei war et eng Perte vu 54 Milliounen Euro.

Am Cargogeschäft ass de Volume eropgaang an der Kris, wat awer mat zousätzleche Käschte verbonne war. Hei ass eng Perte vun 10 Milliounen Euro ze mellen.

D'Luxair Services huet mat de Groundhandler aus genannte Grënn eng Perte vu 15 Milliounen Euro gemaach.

D'Luxair huet hiert Schreiwes iwwer de Bilan 2020 mat "Duerchhalen a Motivatioun" iwwerschriwwen. Fir all Aktivitéite gëtt op eng progressiv Reprise am Laf vun dësem Joer gehofft.

Hei de Joresrapport um Site vun der Luxair

PDF Schreiwes Luxair

Back to Top
CIM LOGO