Mam Vëlo vun Arel bis an d’Stad – an dat iwwer speziell Vëlosweeër – gëtt Realitéit. E Méindeg ass den éischte Spuetestach fir d’Pist mam Numm BELU, déi iwwer den europäeschen Interreg-Projet fir d’Groussregioun realiséiert gëtt. Zum Deel leeft dee Vëloswee iwwer d’PC 12, déi Péiteng mat Colmar-Bierg verbënnt, an déi sech un der fréierer Eisebunnsstreck vum Charly orientéiert.
Zënter Méint wiere sech Awunner vun Hoen, mat Ënnerstëtzung vun der Biergerinitiative Stengefort, géint d’Aarbechten um Streckenofschnëtt hannert hiren Haiser laanscht d’Stroossen “An der Laach” an “Op der Barriär”. De geplangte Vëloswee kënnt zimmlech no un d’Grenz vun hiren Terrainen.
Dass si weder vum Staat nach vun hire Gemengeresponsabelen uerdentlech informéiert gi wieren, ass ee vun hire Kritikpunkten. Dat wëllen allerdéngs souwuel de Stengeforter Buergermeeschter Sammy Wagner, wéi och de Bauhär, d’Direktioun vun de Ponts et Chaussées, net gëlle loossen. D’Bierger hu sech dunn un den Ombudsman gewannt an och d’Press kontaktéiert.
No de Reegele vun der Konscht bauen, géing anescht goen, fanne si a warne virum negativen Impakt vun den Aarbechten op Mënsch an Natur.
Si wiere ganz a guer net géint d’Vëlospist, betoune se zu Hoen an d’Karin Zeyen, zukünfteg Nopesch vum geplangte Vëloswee, erkläert sech.
Well op der fréierer Zuchsstreck gebaut gëtt, hätt een et mat Material ze dinn, dat mat gëftege Substanzen traitéiert ginn ass – sou wéi dat bei den Eisebunnsschwellen zum Beispill de Fall ass. Grad ewéi d’Schinne géifen och déi erausgeholl ginn, erkläert den Direkter vu Ponts et Chaussées, Roland Fox, a betount, dass si sech als Bauhär u sämtlech Autorisatioune géifen halen.
Déi vum Environnement leie vir, grad ewéi d’Baugeneemegung vun der Gemeng, déi sech um PAG orientéiert an déi net fir eng Decisioun a Saachen Ëmwelt responsabel wier, sou de Buergermeeschter. *
De sougenannte Ballast wier duerch Créosote contaminéiert. Och d’Schlaken, op deenen d’Schinne leien, a fir d’Aménagement vum neie Vëloswee benotzt ginn, soen d’Noperen a fäerten, dass wärend den Aarbechte Gëft austrëtt. Ma och duerno, wann et vill reent, kéinten hir Terraine verseucht ginn, well déi méi déif leien, wéi d’Pist.
Etüden hunn d’Presenz vun Eidechse festgestallt – d’Ponts et Chaussées mussen also dofir suergen, dass deenen hire Liewensraum bleift, respektiv erëm hiergestallt gëtt. D’Zerstéierung vu Biotope leeft iwwer Kompensatiounsmesuren um Site an engem Virement vu ronn 61.000 Euro un den Ëmweltministère.
De Fait ass de Bureau d’Etudes FONDASOL bei engem Drëttel vun de Sondage vum Remblais, Werter feststellt, déi ze héich si fir op eng Lëtzebuerger Decharge, wërft awer eng ganz Partie Froen op, op déi den Ëmweltministère sollt äntweren.