
Wéi d'Police weider schreift, krut d'Automobilistin zu Schëffleng e puer Mol den Trëttoir an ee geparkten Auto mat hirem Won ze paken. An der Cité "Op Hulden" goufe d'Fra du wärend dem Parke vun der Police gestoppt. Den Auto war op der Bäifuerersäit beschiedegt.
D'Fra hat däitlech ze vill gedronk, huet en Alkoholtest awer refuséiert, och nodeems si e puer Mol vun de Beamten op d'Konsequenzen higewise gouf. Deemno krut si nach op der Plaz de Permis ewechgeholl an e provisoresche Fuerverbuet gouf ausgestallt. De Proprietär vum Auto gouf duerno iwwert den entstanene Schued opgekläert.
Géint 16.10 Auer ass e Camionschauffer negativ um CR234 opgefall a gouf zu Conter vun der Police kontrolléiert. En Alkoholtest war positiv, e gouf protokolléiert an e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.