Europäesche "Speedmarathon"E Mëttwochmoie gouf zu Lëtzebuerg am Schnëtt all zéng Minutten e Gefier geblëtzt

RTL Lëtzebuerg
Annick Goerens
Christophe Hochard
Am Kader vum europäesche "Speedmarathon" mécht d'Police zu Lëtzebuerg e Mëttwoch nees landeswäit verstäerkt Vitesskontrollen.
© Laurent Weber

Am Kader vum europäesche “Speedmarathon” mécht d’Lëtzebuerger Police e Mëttwoch de ganzen Dag landeswäit verstäerkt Vitesskontrollen. Eis RTL-Ekipp war live tëscht Bartreng an Dippech mat derbäi. Gekuckt ginn net just motoriséiert Gefierer, mee och Vëloen oder E-Trottinetten kënne geblëtzt ginn. Trotz der Annonce am Virfeld gouf am Schnëtt all zéng Minutten e Gefier geblëtzt. Déi meescht Chaufferen hunn 49 Euro misse bezuelen. Fir eng Persoun, déi mat 115 ënnerwee war, wou 90 erlaabt ass, huet et och 2 Punkten an 145 Euro kascht.

Europäesche "Speedmarathon" zu Lëtzebuerg
Am Kader vum europäesche “Speedmarathon” mécht d’Lëtzebuerger Police e Mëttwoch de ganzen Dag landeswäit verstäerkt Vitesskontrollen.

De Laurent Lentz, Direkter vun der Haapt-Unitéit vun der Verkéierspolice erkläert, firwat Aktioune wéi de Speedmarathon wichteg sinn:

“Ma et ass leider ganz wichteg, well d’Vitess ass nach ëmmer eng vun den Haaptursaache fir Accidenter hei am Land an t’ass virun allem och ëmmer ee Facteur an Accidenter. An Dir hutt jo elo grad hei gesinn, et sinn nach ëmmer ganz vill Leit, déi sech leider net un déi maximal erlaabte Vitessen halen. Mir haten haut de Moien den éischte Retrait immédiat [vum Permis, ndlr.] op der Autobunn beim Cargo-Zenter. Ech denken, dass och Vitesse-Verstéiss an den Uertschafte wäerte gemaach ginn, genausou wéi elo hei ausseruerts. Dat ass zu Lëtzebuerg tatsächlech net limitéiert op eenzel Plazen.”

D’Unitéit vun der Verkéierspolice huet 50 Memberen, déi haut och alleguer am Asaz sinn, präziséiert de Laurent Lentz. D’Aktioun leeft iwwer 24 Stonnen a gëtt besonnesch op d’Spëtzestonnen ausgeriicht. D’Kontrolle sinn Deel vun der paneuropäescher “Speed"-Campagne, déi vum 13. bis den 19. Abrëll organiséiert gëtt. Ze séiert Fuere bleift nämlech weider d’Haaptursaach vun déidlechen Accidenter an Europa.

Back to Top
CIM LOGO