E Méindeg am Nomëtteg koum et am Rond-point um Katrewang zu zwee Accidenter bannent kuerzer Zäit. Fir d'éischt war e Motocyclist am Rond-point gefall. D'Persoun um Motorrad huet sech duerno mat hirem Gefier op e Parking bei engem Café a Sécherheet bruecht.
Kuerz nom éischten Accident ass et am Rond-point zu engem weidere komm. Een Automobilist huet am Rond-point d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, ass vun der Strooss ofkomm an um Parking, wou den accidentéierte Motocyclist stoung un d'Stoe komm. Den Auto krut dobäi eng Fra op enger Terrasse vun engem Café an d'Moto ze paken. Persoun a Gefier goufen ënnert dem Auto ageklemmt. D'Fra gouf schwéier blesséiert an an d'Spidol bruecht. Dräi weider Persoune si bei den Accidenter blesséiert ginn.
Op der Plaz waren de Samu an d'Air Rescue sou wéi d'Rettungsdéngschter aus der Stad, vu Lëntgen, Stengefort, Kielen a Mamer.
Géint 13.15 Auer e Méindeg koum et op der N17 tëscht Tandel a Fueren aus nach ongekläerte Grënn zu engem spektakulären Accident tëscht engem Trakter an engem Auto.
An de CGDIS mellt ee Blesséierten e Méindeg am fréien Owend. Tëscht Keel an dem Keeler Potto ass en Automobilist an e Bam geknuppt.
Zu Uewerkäerjeng ass et an der Rue de Hivange zu enger Frontalkollisioun tëscht engem Motocyclist an engem Automobilist komm. Éischten Informatiounen no krut den Auto d'Moto ze paken, ewéi de Motorradsfuerer een aneren Auto iwwerhuele wollt. De Motocyclist ass schwéier blesséiert ginn an huet missen an d'Spidol gefouert ginn. D'Automobilistin stoung ënner Schock an ass doropshin och an d'Klinik komm. Op der Plaz waren de Samu an d'Rettungsdéngschter vun Déifferdeng a Käerjeng.
Op der A3 a Richtung Metz krute sech e Méindeg de Mëtteg zwee Autoen ze paken. Dräi Persoune sinn dobäi blesséiert ginn. D'Rettungsdéngschter aus der Stad a vun Hesper waren op der Plaz.
Donieft huet de CGDIS een Accident an der Avenue du Swing zu Esch gemellt. Hei krute sech een Automobilist an ee Cyclist ze paken. Ee vun hinnen ass blesséiert ginn. Hei war de Rettungsdéngscht vun Esch op der Plaz.
Um CR348 op der Héischt vu Burden ass ee Motocyclist an ee Bam gerannt an ass dobäi blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vun Dikrech a Buerschent.
Op der N6 tëschent Capellen a Mamer krute sech een Auto an ee Bus ze paken. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn. De Rettungsdéngscht aus der Stad war op der Plaz.
Kuerz viru 14 Auer ass een Accident op engem Chantier an der Rue de Canach zu Éiter gemellt ginn. Een Aarbechter ass aus nach ongekläerte Grënn e puer Meter duerch ee Schacht an d'Déift gefall. De Mann ass schwéier blesséiert ginn an huet missen an d'Spidol gefouert ginn. De Parquet an d'ITM goufen informéiert an et ass eng Enquête lancéiert ginn.
Donieft huet et e Méindeg direkt op zwou Plaze gebrannt. Zu Gëtzen an der Haaptstrooss huet ee Verdeeler gebrannt. Hei war de CIS Stengefort op der Plaz. Zu Bëschdref huet et an enger Kiche gebrannt. D'Rettungsdéngschter vu Réiden, Béiwen, dem Helperknapp, Useldeng a Biissen waren op der Plaz.