War an en aneren Auto geranntAutomobilist rebelléiert géint Policebeamten a lant am Arrest

RTL Lëtzebuerg
De Mann wollt seng Pabeieren net weisen an huet wärend der Kontroll de Motor vu sengem Auto gestart.
Police-Büro (Symbolbild)
© Laurent Weber

Géint 1.15 Auer e Samschdegmoien huet en Zeien d’Police informéiert, nodeems hie gesinn huet, wéi en héchstwarscheinlech alkoholiséierten Automobilist beim manövréiere mat sengem Auto am Parking op der Stater Theaterplaz an en aneren Auto gerannt an duerno fortgefuer ass.

D’Poliziste konnten de Mann kuerz drop untreffen, wéi hie mat sengem Auto aus dem Parking erausgefuer ass. Ma wéi d’Beamten hie wollte kontrolléieren, huet de Mann sech alles anescht ewéi kooperativ gewisen. Hie wollt d’Pabeiere vu sengem Auto net weisen an huet wärend der Kontroll de Motor gestart an de Réckgang ageluecht. Ee vun de Beamte konnt awer verhënneren, dass de Mann mat sengem Auto no hanne fiert. Well de Mann sech därmoossen onkooperativ verhalen huet, konnt dann och keen Alkoholtest op der Plaz gemaach ginn.

Well de Mann opgrond vu sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner eng potentiell Gefor war, gouf hien an den Arrest placéiert. Et gouf e Rapport vum Tëschefall geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO