
En Donneschdeg den Owend géint 23:30 Auer gouf et zu Harel an der Rue Mgr. Fallize ee Blesséierten, nodeems en Auto an eng Mauer gerannt war. D'Ambulanz vu Wolz, d'Pompjeeë vun Esch-Sauer an och de Samu vun Ettelbréck waren op der Plaz.
E puer Minutte méi spéit gouf dem CGDIS dann een Accident op der A3 tëscht Diddeleng an dem Beetebuerger Kräiz gemellt. Zwee Autoe krute sech hei ze paken an zwou Persoune goufen dobäi verwonnt. D'Rettungsekippe vun Diddeleng a Beetebuerg waren am Asaz.
Nieft deenen zwee Accidenter huet et am Verlaf vum Donneschdegowend dann nach op enger Rei Plazen am Land gebrannt. Zu Boxer hat e Feld Feier gefaangen, an der Stad an der Rue de Bonnevoie an zu Esch-Uelzecht an der Rue Emile Mayrisch waren et jeeweils eng Poubelle an zu Uewerpallen um Tontelerwee hat et géint 1:44 Auer an der Nuecht op e Freideg an engem Gaart gebrannt. Bei all deene Virfäll ass awer keng Persoun ze Schued komm.
En Donneschdeg géint 13:40 Auer krute sech op der N1 tëscht Banzelt a Rued-Sir en Auto an e Bus ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert.