
Kuerz no 17 Auer krute sech op der A4 tëschent Lalleng a Féitz zwee Autoen ze paken, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Secouriste vun Esch a Schëffleng waren op der Plaz.
E méi uerge Virfall mellt de CGDIS a sengem Bulletin da fir 17.45 Auer zu Keel an der Rue Dideschpont. Hei wier eng Persoun vun engem Zuch ugestouss a blesséiert ginn. D’Rettungsekippe vun Diddeleng, Esch a Keel waren am Asaz.
Eng gutt Stonn méi Spéit waren d’CGDIS-Ekippen aus der Nordstad, vun Ettelbréck an Angelduerf op Dikrech geruff ginn. Hei sinn en Auto an e Motorrad an der Ettelbrécker Strooss aneneegerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.
Kuerz virun Hallefnuecht dann e weideren Accident mat engem Gefier zu Keel, dës Kéier an der Schëfflenger Strooss. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn. D’Keeler Secouriste waren op der Plaz.