
RTL-Informatiounen no goufen 2 weider Gefierer duerch de Brand beschiedegt. Wéi d'Pompjeeë bis op der Plaz waren, stoung och e Bam nieft dem Auto schonn a Flamen. Well d'Brandursaach nach net gekläert ass an eng Friemawierkung net ausgeschloss ka ginn, goufen d'Brandermëttler op d'Plaz geschéckt fir d'Spueren ze sécheren. De verbrannten Auto goufe saiséiert.
D'Pompjeeë vu Colmer-Bierg a Schieren hunn de Brand geläscht. Et gouf kee blesséiert.
En Donneschdeg den Owend huet zu Esch an der rue d'Ehlerange e Feier an enger Kichen e Pompjeesasaz provozéiert.Beim Feier gouf kee blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Esch a vu Schëffleng, grad ewéi d'Ambulanz vun Esch.