
An engem Video vu Sales-Lentz, deen elo schonn den Tour op de soziale Medie mécht, weist de Bus-Betrib, wéi een och an dësen Zäiten d'Reesbussen, déi eidel sinn an um Haff stinn, kann asetzen.
Inspiréiert un enger kreativer Iddi aus Däitschland, huet Sales-Lentz sech dozou decidéiert, der Schoul ënnert d'Ärem ze gräifen a kuerzerhand d'Reesbussen a Klassesäll ze transforméieren.
D'Resultat, wéi een am Video gesäit, léisst sech weisen. 10-12 Aarbechtsplaze fir Schüler pro Bus kënne sou entstoen, dobäi kënnt nach eng Plaz fir den Enseignant an Oflage fir Dokumenter a Bicher.
Och d'Fënstere kënnen, wéi een dat a Primärschoule gewinnt ass, dekoréiert a bemoolt ginn. WLan fir interaktiv Coursë gëtt et an de Bussen natierlech och.
Dobäi kënnt dann och nach eng Toilette an all Bus, déi och den Hygiènesvirschrëften entsprécht. D'Plazen halen dann och de Sécherheetsofstand an, dee vun der Regierung gefuerdert gëtt, en plus sinn tëscht all Plaz Plexiglasfënsteren agebaut.
