IntegratiounASBL "Politics for all" sicht Kontakt tëscht Net-Lëtzebuerger an der Politik

Monique Kater
Wéi staark international Reegelen den Alldag zu Lëtzebuerg beaflossen, huet eng Visitt duerch d'Stad am Kader vum Projet "Démystifions la politique locale" gewisen.

"Démystifions la politique locale" nennt sech e Projet vun der ASBL "Politics for all" an der Europäescher Unioun an an deem Kader ware leschte Weekend eng 50 – virun allem Net-Lëtzebuerger – op Besuch an der Chamber. De But vun dëser Initiativ ass et, de Bierger déi national a lokal Politik vum Land méi no ze bréngen, duerch zum Beispill en direkten an onkomplizéierte Kontakt mat de Politiker, déi iwwregens och op dës Rencontre citoyenne invitéiert waren.

Invitéiert, mee wuel net intresséiert

Deenen hiren Interessi war quasi inexistent – ausser engem Deputéierten, well de Marc Lies d'Visitt an der Chamber encadréiert huet – war mam Antonia Afonso Bagine just eng eenzeg Gemengeresponsabel um Rendez-vous. Eng Tatsaach, déi och d'Presidentin vun der ASBL, d'Clara Moraru, bedauert.

Ëmsou méi interessant gouf méi spéit dann awer den Tour duerch d'Stad, wou mat konkrete Beispiller illustréiert ginn ass, a wéi wäit Lëtzebuerg säin Alldag un international Virschrëfte muss upassen. Et war den Historiker an Unesco Spezialist Robert Philippart, dee sech eng Visite guidée passend zum Thema iwwerluecht hat.

International Virschrëfte weise sech am Lëtzebuerger Alldag

Grouss Deeler vun eiser Stad sti jo ënnert där hirem Schutz, mee d'Unesco an d'Konventioun, déi Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet, protegéieren an éischter Linn net Gebautes, mee de Mënsch – Stéchwuert Inclusioun.

An hei e Beispill: Wann an de Stroosse vun der Alstad fréier Pawee louch, wier hei e Material ausgesicht ginn, iwwer dat jidderee ka goen, ouni ze falen.

Keen Urbanismus ouni Récksiicht op Patrimoine immatériel

Och d'Lantere wieren no Unesco-Critèren erausgesicht ginn, erkläert de Robert Philippart. E Stéck weider d'Fleeschiergaass erof, ënnert dem Musée, wou d'Eemaische fréier scho war, wollt een déi elle Stroumkëschte verstoppen.

Déi géifen eng Partie Leit net gutt fannen, sou de Robert Philippart – a vu, dass d'Unesco virschreift, dass de Patrimoine immatériel – hei d'Eemaischen – seng Plaz am Alldag fënnt, waren d'Biller vu fréier eng optimal Cache.

Gelieften Unesco-Reegelen

Inclusioun also engersäits, mee d'Fräiheet vun all Mënsch awer op där anerer!

Amplaz e schlecht gemaachte Graffiti gouf ee fir op d'Corniche bestallt, an deen huet der aler Fassad e klenge Kick ginn! Well d'Unesco berécksiichtegt all Mënsch, an och deen, dee Graffitie mécht, muss sech kënnen ausliewen an ausdrécken!

Dës Initiativ vun der Stad huet och der Allgemengheet eppes bruecht. D'Fassad op der Corniche huet zënterhier keen ontalentéierte Sprayer méi intresséiert.

Back to Top
CIM LOGO