Abréch zu LëtzebuergAsätz zu Mamer, Mutfert a Klengbetten

RTL Lëtzebuerg
Elo wou et nees méi fréi donkel gëtt, heefen sech och nees d'Abréch am Land.
© RTL

Géint 18.35 Auer en Donneschdeg den Owend hu sech Abriecher Zougang an en Eefamilljenhaus zu Mamer verschaaft. Allerdéngs waren, wéineg iwwerraschend an dësen Zäiten, d'Bewunner vum Haus doheem, sou dass d'Abriecher sech aus dem Stëbs gemaach hunn.

Da goufen der Police géint 23 Auer Verdächteger op engem Chantier zu Mutfert gemellt. D'Police ass op der Plaz ukomm a konnt 6 Persounen an engem Gefier stoppen. Ee vun de Männer huet zouginn, dass hie Bensin um Chantier geklaut huet. Op Uerder vum Parquet goufen d'Persoune protokolléiert, konnten dono awer de Chantier verloossen.

Agebrach gouf och an en Haus zu Klengbetten, dat tëscht 11.45 a 15.15. Hei goufen eng Partie Wäertgéigestänn geklaut. En Zeien hat um 13.40 3 verdächteg Männer tëscht 20 an 30 Joer gemellt, déi schwaarz gekleet an zu Fouss ënnerwee waren. Zeie solle sech bei der Police vu Capellen/Stengefort mellen, dat um 244301000.

Back to Top
CIM LOGO