Insgesamt dräi BlesséierterAsätz zu Bouneweg an um Lampertsbierg

Pierre Weimerskirch
De CGDIS war um Méindegowend zwee mol op Asätz an d'Stad geruff ginn. Zu Bouneweg huet eng Mikrowell gebrannt. An an der Avenue du bois um Lampertsbierg hat en Appartement gebrannt, dräi Persoune goufen dobäi blesséiert.
CGDIS rue du bois 6.4.2026
De Samu vun Esch ass op d’Plaz geruff ginn.
© Mobile reporter

Géint 22:59 Auer koum et zu engem méi groussen Asaz um Lampertsbierg, an der Avenue du Bois. De CIS Lëtzebuerg, de CIS Hesper an de CIS Mamer waren am Asaz, well en Appartement gebrannt huet. Zwou Ambulanzen aus der Stad Lëtzebuerg an de SAMU vun Esch waren do. Am Bulletin vum CGDIS geet rieds vun dräi Blesséierten.

De CIS Lëtzebuerg, de CIS Hesper an de CIS Mamer waren um Lampersbierg am Asaz.
De CIS Lëtzebuerg, de CIS Hesper an de CIS Mamer waren um Lampersbierg am Asaz.
© Mobile reporter

Asaz zu Bouneweg wéinst Mikrowell déi gebrannt huet

Géint 22:05 Auer goufen d’Rettungsdéngschter op Bouneweg op den “Dernier Sol“, geruff. Am Asaz war de CIS Lëtzebuerg, weider Detailer zum Asaz sinn net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO