Ethikrot wëll eng KarenzzäitArtikel 11 vum Deontologie-Kodex ass fir Regierungsmemberen ouni Substanz

RTL Lëtzebuerg
Dat seet den Ethikrot um Beispill vum fréiere Minister Etienne Schneider, mellt d'Lëtzebuerger Wort en Donneschdeg.
© René Pfeiffer

Well de Regierungsrot am Januar säi prinzipiellen Accord ginn hätt, fir datt de fréiere Minister Etienne Schneider de Jeannot Krecké als Member vum Verwaltungsrot vun Arcelor Mittal ersetzt, misst eng méi kloer Reegelung hier.

Den Deonotologie-Kodex gesäit nämlech just vir, datt wann ee fréiere Regierungsmember bannent 2 Joer nom Enn vu sengem Mandat eng nei Aktivitéit wëll ufänken, den Ethikrot en Avis soll ginn. De fréiere Regierungsmember kann awer duerno fräi decidéieren, wat e mécht. Paperjam mellt iwwregens, datt den Etienne Schneider och scho seng eege Societéit gegrënnt huet: Beta Aquarii SA.

Mir hunn am Registre de Commerce nogekuckt: D’SA huet als Zil wirtschaftlech a kommerziell Berodung an Intermediatioun.

PDF Ethikrot

Back to Top
CIM LOGO