No Demissioun vum André Dübbers Arno Bache neie President vun der "Stëmm vun der Strooss"

RTL Lëtzebuerg
Den André Dübbers hat iwwerraschend als President vun der "Stëmm vun der Strooss" demissionéiert. Elo iwwerhëlt den Arno Bache.
© RTL / René Pfeiffer a Ken Fitzke

Den Arno Bache ass e Freideg unanime vum Verwaltungsrot als neie President vun der "Stëmm vun der Strooss" genannt ginn. Dat nodeem säi Virgänger André Dübbers vu senge Funktiounen demissionéiert huet. Hien zitt sech och komplett aus der Associatioun zréck. De Radio 100komma7 schreift vun internen Divergenzen, déi zu dësem iwwerraschende Wiessel gefouert hätten.

Den Arno Bache ass gebierteg vu Klierf an 68 Joer al. De pensionéierten Dokter war zanter Jore bei der "Dokter Stëmm" engagéiert.

© Stëmm vun der Strooss

Back to Top
CIM LOGO