PoliceArméierten Iwwerfall op e Café zu Rëmeleng, Täter op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend kuerz virun Hallefnuecht sinn 3 vermummten Täter mat enger Schosswaff an e Café gaangen.

Nodeems d'Täter Geld geklaut haten, si si a Richtung Ottange a Frankräich geflücht. Et gouf eng Serveuse beim Iwwerfall menacéiert, glécklecherweis awer net blesséiert.

D'Lëtzebuerger an d'franséisch Police huet no den Täter gesicht, dat awer bis elo ouni Erfolleg. Eng Enquête gouf lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO