Wéinst Streik an ItalienAnnulatiounen a Verspéidunge bei Flich

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Streik vun de Fluglotsen an Italien kënnt et e Freideg zu Stéierungen am Fluchverkéier. Och Luxair-Flich si betraff, wéi d'Airline elo per Schreiwes matdeelt.
En Donneschdeg kommen déi éischt Lëtzebuerger, déi zanter dem Ufank vum Krich am Noen Oste fest souzen, um Findel un.
© RTL Archiv

Wéinst engem landeswäite Streik vun de Fluchlotsen an Italien kënnt et e Freideg, den 10. Abrëll, tëscht 13.00 a 17.00 Auer zu Aschränkungen am Loftverkéier. Och Luxair ass dovunner betraff. D’Airline huet ugekënnegt, d’Situatioun enk ze suivéieren an alles ze maachen, fir d’Auswierkungen esou kleng wéi méiglech ze halen.

Betraff sinn ënner anerem Flich op Mailand op Mailand-Linate (LG6493 an LG6494). Passagéier sollen op alternativ Vollen de nämmlechten oder den nächsten Dag ëmgebucht ginn.

Och d’Vollen op Pescara ginn ugepasst. D’Verbindunge vum 10. Abrëll ginn op den 11. Abrëll geluecht.

Zousätzlech kann et zu Verspéidunge bei Flich op a vu Bari, Venedeg, Bologna, Roum-Fiumicino a Mailand-Malpensa kommen.

D’Lëtzebuerger Airline ka weider Stéierungen net ausschléissen. D’Passagéier ginn iwwer Ännerungen informéiert. D’Airline recommandéiert hire Clienten, de Status vun hirem Fluch virum Depart ze kontrolléieren a genuch Zäit anzerechnen, well et zu méi laange Waardezäite komme kann.

Ryanair an easyJet fléie vu Lëtzebuerg aus och an Italien. Ryanair huet um Freideg kee Voll, iwwer de Voll vun easyJet op Mailand um Freideg krute mir bis ewell keng Informatiounen.

Back to Top
CIM LOGO