Vun der EU-Kommissioun an de Lëtzebuerger Staatsministère: Dat ass de Wee, deen eis Invitée vun der Redaktioun Anne Calteux fir d'Rentrée aschloe wäert.
Fënnef Joer laang huet si d'EU-Kommissioun hei zu Lëtzebuerg representéiert. D'Mandat ass elo geschwënn ofgelaf. Dat wär der Anne Calteux vu vir era kloer gewiescht. Den 31. August ass de leschten Aarbechtsdag. D'Nach-Vertriederin vun der EU-Kommissioun gëtt jo nei Direktesch vum Service fir Medien, Connectivitéit an Digitalpolitik am Staatsministère. Dat offiziell den 1. Dezember.
Hir Successioun als Representatrice vun der Kommissioun ass bis ewell nach net gekläert. Nodeems d'intern Sich trotz Kandidaturen net erfollegräich gewiescht wär, ass d'Plaz och extern ausgeschriwwe ginn. Am Hierscht kéint eng Decisioun falen, mengt d'Anne Calteux, déi am Prozess vun hirer Nofolleg net matgewierkt hätt. Den Interim mécht hiren Adjoint.
D'Anne Calteux freet sech op hir nei Plaz beim Staatsministère. De Service fir Medien, Connectivitéit an Digitalpolitik huet vill Attributiounen. Vu Medien iwwer Donnéeë bis Kënschtlech Intelligenz. A villen Dossiere geet et drëms, EU-Richtlinnen op Lëtzebuerger Niveau ëmzesetzen. E Stéck EU-Politik bleift der iwwerzeegter Europäerin deemno erhalen op der neier Plaz.
Fir d'Anne Calteux wär KI gläichzäiteg Chance a Gefor. Si ass awer iwwerzeegt, dass ee Geforen erkennen an dann an Zukunft evitéiere kann. Un der Strategie fir d‘KI-Systemer am Déngscht vun de Leit zu Lëtzebuerg auszebauen, wëll si sech zesumme mat hirer Ekipp an an Zesummenaarbecht mat villen aneren involvéierten Acteuren intensiv bedeelegen. Et wär e ganz gudde Choix vun der Regierung gewiescht, mat der franséischer KI-Firma Mistral AI e Partenariat anzegoen. Dat géif d‘Souveränitéit vum Land stäerken.
D'EU-Kommissioun huet der Ukrain jo weider Hëllef zougeséchert. Der Nach-Vertriederin vun der Kommissioun no gesäit et am Moment nämlech guer net gutt aus. Déi russesch Truppe gräifen ëmmer méi massiv un, d'Zivilpopulatioun geréit ëmmer méi dacks an d'Viséier an elo steet och nach de Wanter virun der Dier. Der Anne Calteux no gesäit et net immens gutt fir d'Ukrainer aus, mä Kiew huet weider d'Ënnerstëtzung vun der EU.
Eng stabil Situatioun an der Ukrain wär och fir eis extrem wichteg, sou d'Invitée vun der Redaktioun. D'Ukrain géif um Wee fir eng méiglech EU-Memberschaft net privilegéiert ginn, huet d'Anne Calteux verséchert. Och d'Ukrain misst sech e Bäitrëtt verdéngen a wichteg Reformen ëmsetzen.
D'EU-Kommissioun géif den Ament besonnesch en A op d'Korruptioun an d'Rechtsstaatlechkeet an der Ukrain a bei hiren Institutiounen halen. Op deene Punkte géif effektiv nach net alles riicht lafen, dat wier kloer, seet d'Anne Calteux. Mä d'Beméiunge wäre ganz grouss. An d'Ukrain hätt dobäi d'Ënnerstëtzung vun der EU-Kommissioun.
E Mëttwoch de Moie war ënnert anerem hire Wiessel an de Staatsministère Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.