
Wéi de Staatsministère e Mëttwoch matdeelt, gëtt et e Wiessel am Service fir Medien, Konnektivitéit an Digitalpolitik. D'Anne-Catherine Ries, déi bis ewell Direktesch vum Service war, wiessel an den Ausseministère, wou si nei Responsabilitéiten iwwerhuele géing.
D'Anne Calteux, déi aktuell Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, wäert d'Successioun vun der Anne-Catherine Ries vum 1. Dezember 2026 un iwwerhuelen.
D'Schreiwes vum Staatsministère fannt Dir hei.