
Wunnengskris, Corona-Steier an d’Onverständnes iwwert Bestriewungen zur Privatiséierung am Gesondheetssecteur waren e puer vun den Themen, iwwert déi den OGBL en Dënschden am Nationalcomité rieds hat. D’Revendicatioune vum OGBL si kloer: eng adequat Besteierung, déi d’Immobilien- an Terrain-Spekulatioune bremse soll, iwwerhaapt méi Steiergerechtegkeet an op kee Fall Privatiséierung am Gesondheetssecteur.
Et ass Kris, an net nëmme Coronakris. Fir den OGBL brennt et grad a ville Secteuren. E Joer Corona huet do net zur Entschleunegung bäigedroen, mä d'Problematike verschäerft. Sou zum Beispill um Wunnengsmaart. Hei missten onbedéngt direkt politesch Signaler gesat ginn, fuerdert d’OGBL-Presidentin Nora Back. Et géing eng Gesetzgebung a Besteierung gebraucht, déi der Spekulatioun mat Immobilien an Terrainen zu Lëtzebuerg en Enn setzt. Ouni eng Brems fir Spekulatioune géing een déi Präisspiral net an de Grëff kréien.
Doriwwer eraus gëtt dann och eng Mietbrems gefuerdert, déi sech da parallel zu de Revenue vun de Leit entwéckele géif.
Méi Kafkraaft soll et da fir d’Ënner-a Mëttelschicht ginn, doduerch datt dës solle steierlech entlaascht ginn. Eng Corona-Steier fir Krise-Gewënner, wéi vun der LSAP an hirem Nationalkongress genannt gouf, gëtt begréisst. Allerdéngs kann ee sech do eigentlech haaptsächlech multinational Firme virstellen.
E Spuerplang vun der Regierung dierft iwwerdeems elo net a Kraaft trieden. All Aiden a Subventioune vum Staat missten nach weider fléissen, well ee schliisslech weiderhin an enger Situatioun d’Urgence wier, sou d‘Presidentin.
Vill beschäftegt huet den OGBL och d’Thema Gesondheet, besser gesot eng méiglech Deel-Privatiséierung vun dësem Secteur. "Wat probéiert gëtt, ass e groussen Aschnëtt. Et geet a Richtung Privatiséierung vun der Gesondheets- a Fleegeversuergung. Fir den Etablissement public Servior soll lo eng Base legale geschaaft ginn, fir do kënnen Deeler vun der Aktivitéit ze Privatiséieren."
Esou eng Decisioun wier inacceptabel. Wa se just wier, fir besser Koalitiounen tëscht Servior an anere Secteuren ze erméiglechen, bräicht een dofir kee Projet de loi. Selwecht gesäit den OGBL de Versuch, vu verschiddenen Dokteren, déi aus der Gesondheet wéilten e Business maachen. Et misst ee sech dogéint wieren, fir ze verhënneren, datt et zu enger Zwou-Klasse-Medezin kéim. Dat wier nëmme méiglech, wann de Secteur an ëffentlecher Hand bleift.