Oppassen: Arnaque!Angeeblechen RTL-Reportage iwwer Finanzéierungsprojet vum Grand-Duc Henri ass gefälscht

RTL Lëtzebuerg
An de soziale Medie geet den Ament e Video ronderëm, deen en angeeblechen RTL-Bericht iwwert e Finanzéierungsprojet vum Grand-Duc Henri weist.
© RTL Grafik

Am Video, deen offensichtlech mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz erstallt gouf, geet vun engem Finanzéierungsprojet Rieds, deen de Grand-Duc Henri lancéiert hätt a mat deem en deegleche Revenu vu 500 Euro versprach gëtt. Och de Grand-Duc selwer gëtt am Video ageblent an hien zielt hei, et misst ee sech iwwert e Link fir de Projet aschreiwen an d’Plaze wiere limitéiert.

RTL weist dorop hin, datt et sech ëm net ëm e richtege Reportage handelt, mä ëm eng Arnaque, fir déi den Numm vun RTL mëssbraucht gëtt. Mir bieden eis User, op kee Fall op deen am Post ugewisene Link ze klicken a sech néierens fir en angeeblecht Gewënnspill an eisem Numm anzeschreiwen. Ausnam si Gewënnspiller oder Aktiounen, déi Dir op eisem Site fannt.

Hei de gefälschte Video, deen an eisem Numm an de soziale Reseaue ronderëm geet:

Back to Top
CIM LOGO