Haut an enger Woch ass et sou wäit: Déi gréisste Kiermes vum Land geet op! Et ass de 686. Joergang vun der Schueberfouer. D'Opbauaarbechten um Glacis lafen den Ament nach op Héichtouren. An de Marc Hoscheid war kucken, wou se dru sinn.
Och wann op der Achterbunn schonn déi eidel Waggone fueren, muss bei deene meeschte Betriber awer nach déi eng oder aner Hand ugepaakt ginn, bis ee sou wäit ass, Clienten ze empfänken. Temperature vun deels déck an déi 30 Grad maachen d'Aarbecht iwwerdeems net méi einfach.
"Also Homeoffice kënne mer net maachen, mir kënne lo och keng kill Raim opsichen oder kierperlech Betätegung net maachen, ech mengen, dat sinn alles gutt gemengte Rotschléi, dat klappt bei enger Fouer net. Mir passen eis awer trotzdeem un an och eis Leit, déi hei schaffen, ob dat Partner sinn oder d'Forainen. Natierlech drénke mer vill, Waasser, mir maachen natierlech och Pausen, mir kucken, datt mer Schied opsichen, dat maache mer alles. Mee ech mengen, eng Fouer huet eng Deadline, meng Cheffin a mäi Schäffen, déi wëllen, datt d'Fouer den 21. August opgeet. Ech wëll dat och, an dat kréie mer och hin, trotz der Hëtzt an trotz anere Punkten."Laurent Schwaller (Fouermeeschter)
Eng Partie Betriber verleeën d'Aarbecht och an de fréie Moien, well et dann nach méi frësch ass.
De Glacis ass de Moment ee risege Chantier a wéi op all Chantier kontrolléieren déi zoustänneg Autoritéiten, ob d'Reegelen agehale ginn. Fréier wier dat alles bëssi manner streng gewiescht.
"Et ass een heihinner komm, et huet een opgeriicht a wann dann nach ee Jong komm ass, dee gesot huet, ech géing gären hëllefen, firwat net, da konnt deen hëllefen, dann ass en nodréiglech mat ugesat ginn", erënnert sech de Spriecher vun de Foraine Charel Hary. "Mee lo ass et ganz einfach, datt mir sollen en règle sinn, sou wéi et ass. Mir hate jo och viru Joren déi Diskussioune mat de Studenten, mat 16 Joer, 18 Joer, do huet ee sech un d'Gesetzer ze halen a fäerdeg."
Streng ass een dëst Joer, wann et ëm den Accès op de Site wärend dem Op- an Ofbau geet. Séier mol iwwert de Chantier op déi aner Säit vum Glacis lafen ass net méiglech. Eng Mesure, déi éischter gutt ukënnt.
"Ech mengen, mir kënnen doriwwer och net reklaméieren, dat ass eng Situatioun, ech mengen, wann eng Kéier eppes geschitt, dann ass der Däiwel lass. Dat do sinn einfach Moossnamen, déi ee muss huelen an ech fannen et u sech net esou schlecht. Mee et ass wéi gesot nach Loft no uewen, do kënne mer nach mat der Gemeng schwätzen, well och mir mussen all Dag eng Vignette hunn, fir hei eran ze kommen. Dat si Saachen, do kann een nach driwwer diskutéieren, mee dat ass awer net dramatesch."
Vum 21. August bis den 9. September dierft een da rëm manner streng sinn, ëmmerhin hofft een, datt och dëst Joer nees tëscht 1,5 an 2 Millioune Leit de Wee op d'Fouer fannen.