Zwou Persounen am Arrest placéiertAn engem Bus handgräiflech gi respektiv Leit op enger Tankstell beleidegt

RTL Lëtzebuerg
Béid Persoune waren alkoholiséiert a si géigeniwwer anere Leit ausfalend ginn.
© Laurent Weber

E Méindegmëtteg krut d'Police eng Ausernanersetzung an engem Linnebus an der Route d'Arlon zu Mamer gemellt. Den éischten Informatiounen no wier e Mann hei géigeniwwer enger Fra handgräiflech ginn. Wéi déi aner Passagéier agegraff hunn, ass de Mann mat hinnen unenee geroden. Duerno ass hien aus dem Bus geklommen an an e Feld geflücht. Eng Patrull vun der Police konnt hien hei kuerz drop untreffen. Well de Mann alkoholiséiert an opgrond vu sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer war, koum hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest. Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

Kuerz virun 3 Auer en Dënschdegmoie krut d'Police dann e Mann gemellt, deen op enger Tankstell an der Route de Longwy zu Rodange tëscht de Pompele géif stoen ze fëmmen. Hie wier ausserdeem verbal ausfalend gewiescht. Och wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, huet de Mann sech donieft beholl a Menacen a Beleidegunge vu sech ginn. Hien huet sech och net un d'Uweisunge vun de Beamte gehalen. Dës hunn doropshin decidéiert, de Mann opgrond vu sengem Zoustand an den Arrest ze placéieren. Ma dësen huet sech am Kader vun der medezinescher Kontroll weider donieftbeholl an d'Personal vum Spidol beleidegt a menacéiert. Hie koum schliisslech ënner däitlechem Protest an den Arrest. Et gouf e Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO