Chantier an der StadAn der Rue de Neudorf gi Beem gehaen
Dësen an nächste Samschdeg ass d'Rue de Neudorf gespaart tëscht der N1 an der Rue Kalchesbruck wéinst Aarbechten. Eng Deviatioun ass ageriicht.
An der Rue de Neudorf gi Beem gehaen
Dësen an nächste Samschdeg ass d’Rue de Neudorf gespaart tëscht der N1 an der Rue Kalchesbruck wéinst Aarbechten. Eng Deviatioun ass ageriicht.
Dëse Samschdeg an nächste Samschdeg 14. Februar ass d’Rue de Neudorf gespaart tëscht der Rue Kalchesbruck an der N1. Do ginn tëscht 7 a 17 Auer Beem gehaen op der Héicht vum Gebai mat der Hausnummer 577. De Service Circulation de la Ville de Luxembourg huet eng Deviatioun ausgeschëldert.
Biller vun der Plaz © Johann Wanschoor
Biller vun der Plaz © Johann Wanschoor
Biller vun der Plaz © Johann Wanschoor
Biller vun der Plaz © Johann Wanschoor
Biller vun der Plaz © Johann Wanschoor
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Vun den Aarbechte sinn och d’Buslinne 7 an 9 betraff, déi anescht musse fueren. Si ginn iwwer d’Rue de Trêves emgeleet. A Richtung Cents fält wärend den Aarbechten den Arrêt Kalchesbruck Quai 1 ewech a gëtt ersat duerch den Arrêt Reno Quai 2. A Richtung Neiduerf gëtt den Arrêt Kalchesbruck 2 suppriméiert an duerch den Arrêt Reno Quai 1 ersat.
De Stroosseplang mat der Deviatioun vun der Stad Lëtzebuerg:
Aarbechten an der Rue de Neudorf