
D’Police hat an der Nuecht op e Mëttwoch an der Rue Gregoire Shouppe zu Iechternach eng Vitesskontroll gemaach. Dobäi ass en Automobilist opgefall, deen nawell séier ënnerwee war. Obwuel hien opgefuerdert gouf, stoen ze bleiwen, ass dëse weidergefuer, fir laanscht d’Kontroll ze kommen. Et koum zu enger Verfollgungsjuegd. D’Beamte konnten den Auto kuerz drop zwar fannen, ma vum Chauffer gouf et keng Spuer méi.
Den Auto gouf saiséiert an eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.
Um Mëttwoch de Moie géint 8.20 Auer krut d’Police en Auto gemellt, dee vu Grolënster a Richtung Iechternach ënnerwee wier, dat allerdéngs am ZickZack. Eng Policepatrull konnt de Chauffer untreffen an huet en Alkoholtest gemaach, dee positiv ausgefall ass. E provisorescht Fuerverbuet war d’Konsequenz.