Wéinst Groussbrand am Héije Venn (B)Den Damp vum Bëschbrand ass hei am Land ukomm, Fënsteren an Diere sollen zou bleiwen

RTL Lëtzebuerg
De Grond ass keen direkte Brand zu Lëtzebuerg, ma kënnt ënnert anerem vu méi wäit nërdlech vum Grand-Duché, nämlech aus dem Grenzgebitt tëscht der Belsch an Däitschland.
Biller vun engem RTL-User zu Hierber
Biller vun engem RTL-User zu Hierber
© Mobile Reporter

Wéi de Wiederexpert Jörg Kachelmann e Samschdeg erkläert, hätt de Wand am Nomëtteg gedréit, dat méi e Richtung Norden. Domadder géif eng Phas vun zwee Deeg ugoen, wärend där den Damp vum Bëschbrand am Héije Venn (Hautes Fagnes) an der Belsch bis op Lëtzebuerg kéint zéien. Ufanks virun allem den Oste vu Lëtzebuerg betraff, dierft den Damp och bis an de Weste vu Lëtzebuerg zéien. Unhalen kéint dat nach, jee no Konditiounen, bis e Méindeg de Mëtteg.

E Samschdeg am fréien Owend krute mer dann och scho gemellt, dass zu Tréier an am Krees Wittlich an Däitschland schonn Damp a souguer Äschen an der Loft festgestallt goufen. Och aus der Äifel ass et méiglech, dass Damp hei an d'Géigend eriwwer geblose gëtt.

D'Police vu Prüm réit de Leit d'Fënsteren an d'Dieren sou gutt et geet zouzeloossen an d'Feiermelder am Haus ofzedecken. Dëst géif beispillsweis gutt mat enger Händschen aus Latex funktionéieren, well de Melder dann dicht ass a keen Damp dru kënnt.

D'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg huet beispillsweis seng Bierger dozou opgeruff, d'Fënsteren an d'Dieren zouzeloossen, fir dass den Damp net an d'Haiser selwer eranzitt. Leit déi Problemer mat den Otemweeër hunn, eeler Leit oder Kanner misste speziell beschützt ginn a sollten och keng Aktivitéiten dobausse maachen.

RTL krut dann ënnert anerem och Biller aus Hierber (Gemeng Rouspert-Mompech), wou ee kloer den Damp erkenne kann, deen aus der Äifel oder eben aus der Belsch kënnt. Och Géigend Iechternach soll Damp an der Loft leien.

Biller aus Hierber an der Gemeng Rouspert-Mompech
Den Damp vum Feier aus der Äifel, respektiv aus der Belsch, mécht sech schonn hei am Land bemierkbar.

An och zu Wäiswampech koum e Samschdeg dem Owend d'Meldung, dass Damp an der Loft wier an et verbrannt géif richen. Änlech Biller och zu Schengen.

Et handelt sech dobäi ausdrécklech net ëm e Brand, deen onmëttelbar an der Géigend ass an eng direkt Gefor bedeit. De Wand kann dësen Damp, jee nodeem aus wéi enger Richtung e kënnt, iwwer vill Kilometer wäit droen, sou dass dësen souguer de Grand-Duché erreeche kann. Dem Jörg Kachelmann no dierften d'Leit am Éislek den Damp vum Groussbrand als éischt richen. Fir Lëtzebuerg besteet hei awer wéi gesot keng direkt Gefor.

Dës Foto krut RTL.lu e Samschdeg vun engem anonymme Reporter op der Plaz an der Belsch geschéckt.
Dës Foto krut RTL.lu e Samschdeg vun engem anonymme Reporter op der Plaz an der Belsch geschéckt.
© Mobile Reporter

Am Héije Venn, enger Grenzregioun tëscht der Belsch an Däitschland ass zënter e Freideg e grousse Brand ausgebrach. D'Feier ass bei Baelen ausgebrach an huet schonn iwwer 1.600 Hektar Land zerstéiert. Et ass eng vun de schlëmmste Brandkatastrophen an der Geschicht vum belschen Naturschutzgebitt. Ganz vill Stroossen an der Géigend goufe well komplett gespaart, d'Regioun soll groussraimeg ëmfuer, respektiv ëmgaange ginn.

Detailer an Updates iwwert d'Konditioune vum Wand an der Regioun, ginn et hei!

Belsch freet Lëtzebuerg no Hëllef

Lëtzebuerg schéckt 11 Pompjeeën an 3 Tankween (Fréiseng, Kielen an aus der Fiels) an d'Belsch, fir de lokale Pompjeeën do am Kampf géint d'Feier ënnert d'Äerm ze gräifen.

Wéi et heescht sollen déi belsch Autoritéiten dëst bei Lëtzebuerg ugefrot hunn, den Inneminister Léon Gloden a säi belschen Homolog hätte sech an deem Kader och schonn ausgetosch. E Samschdeg hunn dës sech op der Wee an d'Asazgebitt gemaach. No 17 Auer e Samschdeg koum dann och schonn e kuerze Bericht vum 112 vun der Plaz zu Baelen. Hei gëtt gemellt, dass keng Persoun blesséiert gouf beim Asaz bis ewell.

Back to Top
CIM LOGO