
Déi Lénk hunn an deem Kontext eng parlamentaresch Fro gestallt a wollte virop wëssen, wéi vill Demandë bei deenen zoustännege Servicer agereecht goufen.
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an de Logementsminister Henri Kox präziséieren, datt zënter dem 1. Juni zejoert eng 570 Demanden erakomm sinn, déi en Accord de principe hunn. Deen Accord kritt een, wann een eng energetesch Berodung mécht.
D'Planifikatioun vun esou engem Projet kascht bëssen Zäit, ënnersträichen déi zoustänneg Ministeren, mä déi éischt Demanden, déi vum Bonus vun "Neistart Lëtzebuerg" kéinte profitéieren, wieren elo amgaangen traitéiert ze ginn.
D'Hëllefen, déi an de leschte Méint accordéiert goufen, betreffe virun allem Projeten, déi op d'Schinne bruecht goufen, ier de Programm "Neistart Lëtzebuerg" lancéiert gouf, ma an de leschten 9 Méint gouf et 217 Mol gréng Luucht fir de Projet vun enger energetescher Renovatioun a 514 Mol gouf et eng Hëllef, fir en neien Heizsystem, deen op erneierbar Energien baséiert.
Dobäi kommen 266 Subside fir eng Photovoltaique-Anlag z'installéieren an 1.150 Subside fir Passivhaiser oder Appartementer.
Vum éischte Juni zejoert u goufe Subsiden an enger Héicht vun 10,7 Milliounen Euro accordéiert. Dorënner 2,2 Millioune fir den energeteschen Assainissement, 1,9 Milliounen fir en neien Heizsystem, 1 Millioun fir eng Photovoltaique-Installatioun a 5,6 Milliounen am Kader vun neie Constructiounen.
Tëschent dem 1. Januar 2017 an dem 12. Januar 2021 hunn 28 Leit gefrot, fir e Klimaprêt mat engem Taux vun 0 Prozent ze kréien. 3 goufen accordéiert an 13 Fäll gëtt den Dossier nach gepréift an déi aner goufe refuséiert.
Méi Demande goufen et fir de Klimaprêt mat engem reduzéierten Taux. Där waren et 221. 98 Mol gouf et en Accord, 13 goufen der refuséiert, iwwer 100 ginn der nach gepréift.