Porte-OuverteAn de Kulisse vun engem Lëtzebuerger Cider-Produzent

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend haten am ganze Land Betriber op Porte Ouverten invitéiert. Mir hunn hannert d'Kulissen vun engem Lëtzebuerger Cider-Produzent geluusst.
Porte Ouverte bei Cider-Produzent
Dëse Weekend haten am ganze Land Betriber op Porte Ouverten invitéiert. Mir hunn hannert d'Kulissen vun engem Lëtzebuerger Cider-Produzent geluusst.

Mir sinn zu Bur beim éischten Cider-Produzent vu Lëtzebuerg. Hei konnten d'Leit dëse Weekend méi iwwer den alkoholeschen Viz gewuer ginn. No enger kuerzer Aféierung vum Produit u sech goung et dunn fir d'Visiteuren direkt an d'Produktioun. Vun der Äppel-Wäschanlag bis hin zur Fermentatioun. Awer och iwwert d' Geschichte vum Apel gëtt e sou munches gewuer. Sou hätt een nëmme nach 100.000 Uebstbeem zu Lëtzebuerg. Carlo Hein, Grënner vum Lëtzebuerger Cider-Betrib:

"Déi fënnt een net am Supermarché. Dat sinn all Zorten Äppel. Mir hu 150 Zorten hei zu Lëtzebuerg. Dat si grousser, klenger, groer an déi gesi villäicht net ëmmer sou appetitlech aus. Och net all Apel kann een iessen.

Fir dorausser Cider oder Jus ze maachen ass dat Uebst awer ganz gutt gëeegent. Dofir schafft een hei haaptsächlech mat Friichten, déi soss net géife verkaf ginn.

Regional an nohalteg sinn, dat ass fir de Cider-Produzent vu Bur immens wichteg.

Carlo Hein:

"Also ass eis Missioun déi al Beem ze schützen an nei Beem ze planzen. Déi zweet Missioun ass: Well déi al Beem da rëm gesond do stinn, kënne se den CO2 och rëm am Buedem späicheren an déi jonk Beem wuessen rop a kënnen mat der Zäit ëmmer méi CO2 am Buedem späicheren."

De Lëtzebuerger Cider-Produzent wëll domadder och d'Biodiversitéit an de Bongerten protegéieren.

Dësen ëmweltfrëndlechen Gedanken vum Betrib, awer och d' Schmaachen vun den ënnerschiddlechen Zorten vu Gedrénks koum bei de Visiteure gutt un.

"Mir wëllen einfach e flotten Mëtteg hei verbréngen. Et ass eng gutt Ambiance an mäin Mann schafft sëlwer bëssen fir de Betrib."

"An déi Nohaltegkeet... Do gëtt alles gebraucht bis zum Schluss, do gëtt näischt ewechgehäit. Dat ass esou eng ronn Saach. Dat huet mengem Häerzen richteg gutt gedoen."

Wien dann dëse Weekend d'Porte Ouverte verpasst huet, kann sech déi éischt Cider-Produktioun vu Lëtzebuerg awer nach ukucken kommen.

Vu Mëttwochs bis Sonndes ginn hei reegelméisseg Visitten proposéiert.

Back to Top
CIM LOGO