D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Futtball-WM, portugisesch Staatsvisitt a Petzi-Klinik

RTL Lëtzebuerg
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 14. Juni 2026
An de Kannaniuuss dës Woch: Futtball-WM, portugisesch Staatsvisitt a Petzi-Klinik

Hei kucke mer op d'Futtball Weltmeeschterschaft, déi hat en Donneschdeg jo hiren Optakt mam Match Mexiko géint Südafrika. D'WM geet jo bis den 19. Juli, wou dann déi grouss Finall ass, ma schonn am Virfeld ware vill Diskussioune ronderëm d'Evenement, ënnert anerem d'Probleemer mam Visa, dee verschidden Ekippen haten. Soss gi mir e Bléck op d'portugisesch Staatsvisitt vu leschter Woch, bei där de portugisesche President Antonio José Seguro, seng Fra d'Margarida Freitas, an de portugisesche Premier Luis Montenegro zu Lëtzebuerg waren.

Wéi d'Kanner d'Angscht virum Dokter kënne geholl kréien, weise mir och am Newsblock, well do geet et ëm d'Petzi-Klinik. D'Kanner koume mat hirem Petzi an d'Klinik a konnte mat den Infirmière sech ëm hire Petzi këmmeren an en heelen. An d'lescht Woch war nach den Draacheboot-Festival zu Réimech, eng chineesesch Traditioun, déi scho fir d'véiert Kéier hire Wee op Lëtzebuerg fonnt huet.

An am Reportage duerno geet et an d'Natur: Do dréint sech alles ëm en Doktoratsprojet vun der Uni Lëtzebuerg, de Way2ESD, dee sech ganz op d'Thema Bildung fir nohalteg Entwécklung fokusséiert. Do sinn iwwer honnert Kanner am Haus vun der Natur zesummekomm, dorënner véier Klassen aus dem Fondamental, déi hir Projet virgestallt hunn. Hei goung et ëm de Bësch, de sougenannte "Blob", de Gaart, an de Schutz vun der Natur.

D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder Sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

All d'Emissiounen um RTL Play

Kannaniuuss

KannaTivi

Eis Stëmmen

Back to Top
CIM LOGO