
Zu Käerjeng huet zum Beispill eng Persoun Batterien aus enger Täscheluucht matgoe gelooss. An engem Kleederbuttek an der Stad gouf e Mann in flagranti erwëscht, wéi hie versicht huet, 2 Jacketten ze klauen, an an der Groussgaass wollt en Déif en deiere Portmonni mathuelen, ouni dofir ze bezuelen. Der Police goufen iwwerdeems och Déifställ an der Rue Chimay, zu Déifferdeng an zu Uewerkuer gemellt.
Donieft warnt d'Police virun Trickdéiwen, déi sech als Mataarbechter vun Hëllefsorganisatiounen ausginn. Wien eppes Verdächteges gesäit, soll sech um 113 mellen.
Méi Informatiounen iwwert Arnaquen a wéi ee sech schütze kann, fënnt een hei.