Um Bord vun der Corona-KrisAMMD mécht Reprochen un d‘CNS

Pit Everling
Um Bord vun der Corona-Kris gëtt et Onstëmmegkeeten tëscht der Dokteschassociatioun an der Gesondheetskeess.

D'CNS krut op alle Fall dëser Deeg Post vun der AMMD. Op schéinem Franséisch ginn nawell gepeffert Reprochë formuléiert. D'Doktere géingen net respektéiert ginn a kréichen hir Suen net. D'CNS weist d'Virwërf zeréck a weist wéineg Versteesdemech fir de Courrier.

AMMD vs CNS/Reportage Pit Everling

De Corps médical hätt sech an dëser Kris bis ewell bedéngungslos agesat, keng Revendicatioune gestallt a sech imposéierten Tariffer net opposéiert, sou den Dokter Philippe Wilmes, Vizepresident vun der AMMD.

D'Dokteschassociatioun beschwéiert sech awer elo, datt d'CNS an enger rezenter Reunioun Organisatiounsmodeller an Acquisen a Fro gestallt hätt.

"Do ass a Fro gestallt ginn, ob Stonne geschafft gi wieren. Wat ass eng geschaffte Stonn? Wat ass eng Disponibilitéit? Dat war am Ufank awer kloer dokumentéiert ginn."

D'Gesondheetskeess war iwwerrascht iwwert de rezente Bréif, well e wärend engem Prozess kéim, dee géing rullen a well een am permanenten Echange mam Coordinateur national Alain Schmit wier. D'CNS wier allzäit „not amused“, seet den Direkter a President Christian Oberlé

"Well mer e ganz tendenziéis fonnt hunn. E refletéiert och déi aktuell Situatioun net rëm, well mer an der Covid-Kris alleguer konstruktiv zesummeschaffen."

Et géing een d'Dokteren op alle Fall respektéieren. Ma wann et Froen oder Suerge géif ginn, hätt een déi och einfach kënne stellen - respektiv matdeelen, amplaz esou e Bréif ze schreiwen.

Ee grousse Problem ass de Moment deen, datt d'Medezinner d'Leeschtungen, déi am Kader vun der Kris prestéiert goufen, nach net bezuelt kruten. Dat wier ee sech bewosst, ma dat léich net un der CNS.

"Fir dass mir kënne bezuelen, dofir brauche mir zertifiéiert Dokumenter vum Coordinateur national. Dat ass am Pabeier vum Ministère sou festgehalen. Mir mussen och wëssen, wéi vill mer wiem musse bezuelen. Ma déi Informatiounen hu mir einfach nach net."

Soubal déi Dokumenter do wieren, géing een iwwerweisen, sou de Christian Oberlé. Et géing een dem Coordinateur kee Reproche maachen, well den Ament ganz vill Aarbecht wier.

D'AMMD behaapt iwwerdeems, déi Donnéeë wiere längst bei der CNS.

"Déi Donnéeë leie vir, de Coordinateur huet déi och weiderginn. Et ass awer sou, datt d'CNS déi Donnéeë lo a Fro stellt."

D'Kritik vun der AMMD geet méi wäit, d'Gouvernance vun der CNS misst carrement eng aner ginn.

"Am Direktiounscomité vun der CNS gëtt zënter Joren d'Gesondheetspolitik vum Land gemaach, awer leider net am Interêt vun de Patienten, mä am Interêt vun den eegene Finanzen."

D'CNS bedauert, datt am genannte Bréif al Reflexer vun der AMMD nees eropkomm wieren, doriwwer wier een net frou, ma et misst een awer domat liewen, sou nach de Christian Oberlé.

Back to Top
CIM LOGO