
Kuerz no 2:30 Auer an der Nuecht op e Méindeg ass et am Tunnel Grouft, op der A7 a Richtung Stad, zu engem Accident komm, an deen e Camion an en Auto verwéckelt waren. Den Auto huet sech dobäi iwwerschloen an de Chauffer ass blesséiert ginn. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Steesel a Lëntgen, grad esou wéi d'Ambulanz aus der Stad an de SAMU.
Zu Fréiseng an der Lëtzebuergerstrooss hat e Sonndeg den Owend géint 18 Auer eng Poubelle gebrannt, déi vun de Fréisenger Pompjeeë geläscht ginn ass.
Zu Lenneng war ëm déi selwecht Zäit an der Rue des Vignes eng Heck a Brand geroden. Hei waren d'Pompjeeë vu Kanech am Asaz.
Eng weider Poubelle huet um 18:40 Auer zu Esch-Uelzecht an der Avenue de la Gare gebrannt. D'Pompjeeë vu Keel waren dohi fir ze läschen.
Um 18:45 Auer ass et zu Réimech op der Route du Vin zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer komm. Blesséiert gouf dobäi keen, d'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Réimech waren op der Plaz.
Kuerz virun 20 Auer war et tëscht Simmer an Éiner e Vegetatiounsbrand, ëm dee sech d'Pompjeeë vun Habscht an Tënten gekëmmert hunn.
No Hallefnuecht huet an der Stater Rue Mathias Hardt eng Poubelle gebrannt, déi vun de Stater Pompjeeë geläscht ginn ass.