LëtzebuergAm Mäerz ass d'Inflatioun staark gefall
Enn Mäerz louch d’ Präisdeierecht dem Statec no bei 0,9 Prozent. Dat ass e Recul vun de Consommatiounspräisser ëm 0,6 Prozent-Punkten.
Ze erkläre wier déi Baisse an der Haaptsaach duerch d’Aféiere vum gratis ëffentlechen Transport an de Pëtrols-Produiten, déi vill méi bëlleg gi sinn.