
D’Baisse vun der Zuel vun Asyldemanden confirméiert sech. Am Februar hu 65 Persounen eng Demande fir internationale Schutz hei am Land gemaach. Déi Meescht si vu Syrer gemaach ginn.
Am Februar d’lescht Joer waren nach 105 Demanden enregistréiert ginn. D’lescht Joer waren schonn alles an allem nëmmen hallef esouvill Asyldemande gemaach ginn, ewéi d’Joer virdrun.