
Am Original-Text am Artikel op RTL.lu ass ze liesen: "Ënner strengen Oploen dierfen eeler Leit am Altersheem nees Besuch kréien a vum 4. Mee un dierfen och Dokteren nees Patienten an hirer Praxis empfänken."
Elo huet dann ee sech ameséiert dorausser ze maachen: "Ënner strengen Oploen dierfen eeler Leit am Altersheem nees Besuch kréien a vum 4. Mee un dierfen och d'Bierger sech nees mat hieren Frend/Bekannten treffen. Dës awer nemmen ennert enger Conditioun,d'Mask as obligatoresch."
Dat ass allerdéngs wéi gesot eng FAKE-News. Et bleift also dobäi, dass et nach ëmmer net erlaabt ass, sech mat Frënn a Bekannten ze treffen.