
Dat geet aus der rezentster Publikatioun vun der Coronastep-Etüd ervir. Wéi et heescht, wier d'Presenz zu Beggen, Schëffleng, Beetebuerg, Miersch, Ëlwen a Béiwen/Atert zréckgaangen. An de Kläranlagen Bleesbréck, Hesper, Uewersyren, Gréiwemaacher, Iechternach a Wolz wier se allerdéngs geklommen.

Wéi d'Fuerscher ervirsträichen, wieren d'Wäerter awer ëmmer nach op engem héijen Niveau, wat op eng staark Prevalenz vum Virus am Ofwaasser géif hindeiten. Zanter leschter Woch gëtt d'Ofwaasser an de Kläranlagen 2 mol d'Woch ënnersicht, fir de Verlaf vun der Pandemie méi no ze suivéieren.
