Un engem Dësch dierfe jo elo, wann d'Gesetz da sou gestëmmt gëtt, nëmmen nach 4 Leit zesummesëtzen. A wéinst dem Couvre-feu mussen d'Restauranten an d'Baren och um 23 Auer zoumaachen. Wéi ginn déi concernéiert Betriber mat den zousätzleche Restriktiounen ëm? Sech upassen ass den neie Mot d'ordre. Mat den neie Mesurë wéilt een de Clienten och eng méiglechst sécher Atmosphär bidden. An engem Stater Hotel, zu deem och Restauranten an eng Bar gehéieren, géinge sech déi nei Restriktioune scho bemierkbar maachen, virun allem gréisser Dëscher oder Banquete ginn ofgesot. Et hätt ee schonn eng Partie Annulatioune kritt.
An de Méint nom Lockdown wier den Ëmsaz an dësem Hotel ëm 35 bis 50 Prozent gefall. Eleng, fir d'Sécherheetsmesuren ëmzesetzen, géing den Hotel 3 bis 4.000 Euro pro Mount zousätzlech ausginn.
Dowéinst wier et wichteg, dass d'Betriber gehollef kréien. Den Dialog mat de Ministeren Delles a Kersch géing gutt funktionéieren, esou de Horesca-President Alain Rix, mee et misst och gekuckt ginn, dass d'Aidë méi einfach gestallt kënne ginn. Ausserdeem wier et och wichteg, dass een de Chômage partiel och retroaktiv kéint ufroen. Déi nei Mesurë wiere vun engem Dag op deen anere komm. Et kéint sinn, dass verschidde Betriber elo net méi sou vill schaffe kënnen, wéi si et sech virgeholl haten.
Besonnesch betraff vun de verschäerfte Mesurë sinn awer Restauranten, déi hir Kapazitéit nach emol mussen eroffueren, wéi an engem Restaurant zu Hollerech. Mat den neie Mesuren dierfen nämlech maximal 100 Persounen op enger Plaz zesummekommen. Eng Restriktioun, déi nach emol Spueren hannerléisst.
Och wann Aiden do sinn, wier et awer wichteg, dass dës ugepasst a verlängert ginn, soen d'Restaurateuren.
Dat neit Gesetz ass zwar nach net gestëmmt, ma d'Horesca-Betriber weise sech kooperativ. D'Mesurë goufen op deene meeschte Plazen elo schonn ëmgesat. An der Hoffnung, dass een nach weider schaffe kann.