1. Mee - LCGBAll Salarié muss getest ginn, éier en ufänkt mat schaffen

RTL Lëtzebuerg
Et dierf an dëser wichteger Phase vum Deconfinement net mat der Gesondheet vun de Salariéeën gespillt ginn.
1. Mee - LCGB
Et dierf an dëser wichteger Phase vum Deconfinement net mat der Gesondheet vun de Salariéeën gespillt ginn.

Mir brauche méi sozial Gerechtegkeet, fir gestäerkt aus dëser Kris erauszekommen. Dat huet den Nationalpresident vum LCGB, de Patrick Dury a senger 1.-Mee-Ried betount, déi dëst Joer wéinst der sanitärer Kris via Internet diffuséiert gouf. Et dierft net mat der Gesondheet vun de Salariéeë gespillt ginn, mä och net mat hirer Existenz ënnersträicht de chrëschtleche Gewerkschaftsbond, dee kloer Fuerderungen huet.

LCGB - 1. Mee/Reportage Claudia Kollwelter

Alleguerten d’Salariéeën, déi erëm ufänke mat schaffen, missten dem Patrick Dury no getest ginn. Souwuel déi sanitär wéi och déi wirtschaftlech Kris dierften dem President vum LCGB no op kee Fall zu enger sozialer Kris féieren. Dofir misst zum Beispill de Chômage partiel als Anti-Kriseninstrument wieder entwéckelt a verbessert ginn:

"De Chômage partiel muss, souwäit et iergendwéi méiglech ass, verhënneren, datt Betriber Leit entloossen a muss dofir de Betriber och wärend enger längerer Phas nom Enn vun der sanitärer Kris zur Verfügung stoen. Fir awer och déi sozial Auswierkunge vu genee dësem Chômage partiel an de Grëff ze kréien, muss doriwwer eraus d’Indemnitéit op 90% vum Salaire ajustéiert ginn, mat engem Plaffong, dee 5 Mol dem soziale Mindestloun entsprécht."

D’Rechter vun de Salariéeë missten am Fall vun engem Sozialplang oder enger Faillite gestäerkt ginn.

"Besonnesch am Fall vun enger Faillite mussen déi betraffe Salariéen direkt vun der Indemnitéit de Chômage kënne profitéieren. Fir d’Auswierkunge vum Chômage opzefänken, fuerdert den LCGB d’Regierung op, fir d’Iwwerleeungen ëm eng national Cellule de Reklassement erëm ze relancéieren. Duerch esou eng Struktur solle Leit, déi duerch d’Suite vun dëser Kris hir Plaz verléieren, an der Aarbecht gehale ginn, an an aner Betriber kënne weidervermëttelt ginn."

Donieft misste de soziale Mindestloun weider ajustéiert an adaptéiert ginn. Wat d’Digitalisatioun betrëfft, do huet de Patrick Dury betount, datt déi aktuell Kris d’Virdeeler dovun ervirgestrach huet.

"Den LCGB fuerdert dofir den Aarbechtsminister an de Finanzminister op, den néidege legale Kader ze schafen, fir datt digital Outile weider ausgebaut kënne ginn, notamment fir alleguerten d’Frontaliere missten déi steierlech Mesurë kënne weidergefouert ginn, fir datt den Télétravail als reell Alternativ kann dauerhaft bestoe bleiwen."

Eng Warnung goung dann un d’Patronat – dem LCGB no dierft net vun der Kris profitéiert ginn, fir d’60-Stonnewoch duerchzedrécken oder zum Beispill de Congé collectif am Bau a Fro ze stellen.

PDF: Ried vum LCGB-President Patrick Dury

Back to Top
CIM LOGO