NidderkuerAlkoholiséierten Automobilist rullt beim Parken en Hang erof
E Méindeg den Owend géint 17.30 Auer huet an der Rue St. Pierre zu Nidderkuer en alkoholiséierte Chauffer probéiert, säi Gefier ze parken.
Dem Mann ass dat awer net gelongen an hien ass en Hang erofgerullt. Dobäi gouf de Chauffer liicht blesséiert. Den Alkoholtest war positiv an de Permis war fort.