Op eise StroossenAlkoholiséiert Fra verursaacht Accident, agresséiert a bespäizt Beamten

RTL Lëtzebuerg
An op d'mannst 4 Fäll hate sech alkoholiséiert Automobilisten net un d'Ausgangsspär gehalen.

Géint 23.30 Auer e Samschdeg den Owend goufe Beamte vun engem Automobilist op en Accident op der Kräizung vum Boulevard de la Foire mat der Avenue de la Faiencerie an der Stad opmierksam gemaach. Wéi d'Polizisten op d'Plaz koumen, waren d'Autoen net méi op der Strooss, ma déi implizéiert Persoune waren nach op der Plaz.

Eng Fra huet ganz opbruecht reagéiert a gejaut. Wéi d'Beamte mat hir Schwätze wollten, krute si als éischt emol Frechheeten un de Kapp gehäit. Déi däitlech alkoholiséiert Fra huet sech weider eragesteigert a wollt och d'Plaz vum Accident verloossen. Well si och nach aggressiv gouf, hunn d'Poliziste si missten immobiliséieren. Um Wee op de Policebüro ass et weider gaange mat de Beleidegungen an d'Fra huet och ugefaangen, op d'Beamten ze späizen a si anzeschüchteren. Genau wéi schonn op der Plaz vum Accident huet d'Fra och um Büro keen Alkoholtest wollten duerchféiere loossen. De Permis gouf hir dowéinst ofgeholl a si huet d'Nuecht am Passaegarrest verbruecht.

Zu Esch war dann e Chauffer am Rond-point "Am Daich" zimmlech lues ënnerwee, dat géint 3.20 Auer um Sonndeg de Moien. Bei der Kontroll koum eraus, datt de Chauffer ze vill gedronk hat a säi Permis gouf agezunn. De Bäifuerer, de Besëtzer vum Auto, hat och ze vill gedronk. Hie krut e Protokoll, well hien eng sichtlech Alkoholiséiert Persoun mat sengem Auto fuere gelooss huet.

An der Escher Strooss zu Zéisseng koum géint 2.20 Auer eng Ambulanz op d'Plaz vun engem Accident, wou eng Persoun, déi keng Blessuren hat, bei engem Auto war. Well et sech hei awer net em de Chauffer gehandelt huet, gouf dësen ermëttelt an opgefuerdert, fir op d'Plaz vum Accident ze kommen. Och hie war net blesséiert, ma hat ze vill Alkohol am Blutt. Säi Permis war fort.

20 Minutte méi fréi war d'Police zu Stengefort am Asaz, well e Chauffer vun enger Camionnette d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat an e Gefier, wat nieft der Strooss ofgestallt war, schwéier beschiedegt hat. De Chauffer hat sech net blesséiert, ma et huet een him aus dem Gefier missten hëllefen. Wéi d'Police ukoum, war de Mann awer schonn net méi op der Plaz, eng weider Persoun war hie siche komm. Dës gouf zeréckgeruff, koum awer eleng. De Chauffer, deen een identifizéiere konnt, konnt dono awer net méi erreecht ginn. E Protokoll gouf erstallt an Ermëttlunge lafen.

Dann huet nach e Mann missten zu Esch an der Rue Victor Hugo säi Permis géint 18 Auer ofginn, well hien alkoholiséiert e liichten Accident provozéiert hat.

An e Samschdeg de Mëtteg war zu Angelduerf e Mann ganz séier ënnerwee, dee wärend dem Fueren och en Joint gefëmmt huet. Nieft dëse Verstéiss géint de Code de la Route waren d'Pabeiere vum Auto och net an der Rei. Géint de Mann gouf e Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO