PoliceAlkohol um Steier, Permis agezunn an Arrest

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie gouf der Police en Auto an der Rue Robert Schuman zu Fréiseng gemellt, deen do e Potto touchéiert huet.
© RTL Archiv

Eng Patrull vun der Police konnt de Chauffeur kuerz Zäit drop bei sech doheem untreffen. Dëse war offensichtlech alkoholiséiert, sou dass de Mann en Alkoholtest huet misse maachen, deen och positiv verlaf ass. De Permis vum Chauffeur gouf abezunn.

D’Persoun koum wéinst enger Bluttprouf an d’Spidol, wou hie sech onkooperativ vis-à-vis vum Personal an der Police verhalen huet. Wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand a well hien eng Gefor fir sech an aner Leit duergestallt huet, koum hien no enger medezinescher Ënnersichung fir auszeniichteren an Arrest.

Back to Top
CIM LOGO