Invité vun der Redaktioun - Ali Ruckert (17. August)D'Bëschbränn wieren och d'Konsequenz vun enger kapitalistescher Politik

Marc Hoscheid
Fir vill privat Bëschbesëtzer géing nämlech just de Profit zielen. Den Tripartitesaccord huet de KPL-President iwwerdeems als Succès fir d'Gewerkschafte gelueft.
Invité vun der Redaktioun: Ali Ruckert (17. August 2026)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

No 27 Joer un der Spëtzt vun der kommunistescher Partei gëtt den Ali Ruckert dee Posten am Hierscht of. Als Invité vun der Redaktioun huet hien déi aktuell schwéier Bëschbränn als Suitte vun enger falscher Politik bezeechent an d'Resultat vun der Tripartite als Succès vun de Gewerkschafte gefeiert.

Wie säi Successeur als KPL-President kéint ginn, doriwwer wollt den Ali Ruckert net spekuléieren. Dat wier och net sou wichteg, well um Enn géing den Zentralcomité, an deem aktuell 16 Leit sëtzen, d'Decisiounen zesummen huelen. Hie wéilt léiwer iwwer politesch Inhalter schwätzen, virun allem, well déi kommunistesch Partei an de Medien dozou schonn net dacks d'Geleeënheet kritt.

Déi grouss Bëschbränn, déi et an de leschte Woche queesch uechter Europa gouf, an och d'Problemer fir dës ze läschen, wieren d'Resultat vun enger Politik, déi déi falsch Prioritéite setze géing. "Wéi mer déi grouss Bränn lo a Frankräich gesinn hunn, huet sech erausgestallt, datt ee groussen Deel vun de Gefierer, déi d'Pompjeeën haten, iwwerhaapt net konnten agesat ginn, datt se Schutzkleedung haten, déi net richteg funktionéiert huet, fir datt se hätte kéinten an de Brand eragoen. Dat huet alles domadder ze dinn, datt d'Sue fir aner Saache geholl ginn, fir Oprëschtung zum Beispill." Dobäi kéim, datt ee groussen Deel vun de Bëscher a privater Hand wier a bei der Bewirtschaftung an éischter Linn nom Profit gekuckt géing ginn.

Dono gefrot, ob d'Gewerkschafte bei den Tripartiteverhandlungen eppes Guddes fir déi Leit, déi schaffe ginn, erausgeschloen hunn, weist den Ali Ruckert sech mam Resultat nawell ganz zefridden. "Hei war déi éischten Tripartite, no där grousser Manifestatioun, déi éischten Tripartite, wou keng sozial Verschlechterunge komm sinn, wou d'Regierung also gezwonge war, Verbesserungen ze maachen. Dofir gesi mir och dee Wee, Jo, verhandele mat der Regierung, verhandele mam Patronat, Jo, mee wann et net weider geet, da muss et nach eng Kéier zu grousse Massemanifestatioune kommen, fir datt déi schaffend Leit hir Interesse kënnen duerchsetzen."

D'CSV-DP-Regierung wier alles an allem awer eng neoliberal Regierung, déi ganz negativ strukturell Verännerungen am Land hätt wëlle virhuelen, zum Beispill de Gewerkschaften d'Recht ewechhuelen, an de Betriber d'Kollektivverträg auszehandelen. Dat wier och net weider iwwerraschend, well et wier eng "Regierung fir d'Patronen a vun de Patronen".

E Méindeg de Moie war ënnert anerem dem Ali Ruckert säi Récktrëtt als President vun der KPL Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO